Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.635 Artikelen an 115 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … d'Däitschsproocheg Communautéit déi klengst vun den 3 Communautéiten an der Belsch ass?
- … de Buffalo Bill mat senger Wild West Show den 3. September 1906 en Optrëtt zu Lëtzebuerg hat?
- … Ashcan (d. h. Dreckskëscht) de Codenumm fir en alliéiert Gefaangelager zu Bad Munneref am Palace-Hôtel war, an deem am Summer 1945 all déi bis dohi gefaangen héichrangeg Nazien an däitsch Militär souzen, fir verhéiert ze ginn?
- … de Magnum bullarium romanum, eng vun de véier grousse Kollektioune vun de Peepst hire Bullen (Ordenanzen) an der Kierchegeschicht, déi vu 1727 u beim Stater Libraire an Editeur André Chevalier erauskoum, dee gréisste Buchprojet vun der Lëtzebuerger Geschicht war?
- … mat „Mutz vum Monomach“, engem russesche Kascht a Form vun der traditioneller Kroun vun de Groussfürsten an den éischten Zaren, souwuel eng Fleesch-Mayonnaise-Zalot wéi och e Friichtekuch gemengt ka sinn?
Artikel vun der Woch

Bissau ass d'Haaptstad vum westafrikanesche Land Guinea-Bissau a vun der autonomer Regioun Bissau. 2007 goufen eppes iwwer 400.000 Awunner gezielt. Et ass déi gréisst Stad am Land an och de gréissten Hafen an den administrativen a militäreschen Zentrum vu Guinea-Bissau.
Bissau läit direkt op der Atlantikküst, virum Bissagos-Archipel um Delta vum Rio Geba. Et gouf 1687 vun de Portugisen als befestegten Hafen a regionalen Handelszentrum gegrënnt. 1942 ass d'Stad dunn och no Bolama déi nei Haaptstad vu Portugisesch-Guinea ginn.
Wärend dem Biergerkrich (1998-1999) goufe vill Haiser zu Bissau zerstéiert, ënner anerem de Presidentepalais an de franséische Kulturzentrum, dee mëttlerweil erëm opgebaut gouf. Trotzdeem ass de Stadkär nach ëmmer ënnerentwéckelt. Am Zentrum ass d'Plaz vun den Nationalhelden (Praça dos Herois Nacionais), ronderëm stinn déi meescht Ministèren a Banken, d'Klinik Simão Mendes (déi gréisst am Land), d'Geriicht, de Kierfecht an den nationale Stadion Estádio Lino Correia, an deem Plaz fir 12.000 Leit ass... > méi

Op engem 2. August
- 1834: Gebuert vum franséische Sculpteur Frédéric-Auguste Bartholdi.
- 1866: De lëtzebuergeschen Architekt Auguste van Werveke gëtt gebuer.
- 1874: De lëtzebuergesche Politiker Émile Reuter kënnt op d'Welt.

Jules Hoffmann - 1914: D'Däitscht Räich besetzt dat neutraalt Lëtzebuerg.
- 1941: Gebuert vum lëtzebuergesch/franséische Biolog an Nobelpräisdréier Jules Hoffmann.
- 1945: D'Potsdamer Ofkommes gëtt ënnerschriwwen.
- 1964: Den Tonkin-Incident liwwert den USA d'"Justifikatioun", offiziell an de Vietnamkrich anzetrieden.
- 1980: Bei engem Bommenattentat op d'Gare vu Bologna, vun enger rietsextremer Grupp ausgefouert, stierwe 85 Mënschen, an op d'mannst 200 ginn der blesséiert.
Kierzlech Verstuerwen

- ≤1. August: Vincent Pastore, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. Juli: Gunther von Hagens, däitschen Anatom.
- 13. Juli: Sam Neill, neiséilännesche Schauspiller.
- 12. Juli: Hamad bin Chalifa Al Thani, Emir vu Katar.
- 11. Juli: Marco Barnig, lëtzebuergeschen Ingenieur.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
