Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Technesche Krom

Vu Wikipedia

Op dëser Säit kann alles diskutéiert ginn, wat mat techneschen Aspekter vun der Wikipedia-Aarbecht ze dinn huet.

Et kënne Froe gestallt ginn, wéi eppes funktionéiert, oder Ufroe gestallt gi fir nei technesch Funktionalitéiten. Et kann een Erklärungen heihinner schreiwen, déi op deenen eenzele Schablounen- oder Moduldiskussiounssäite verluer goe géifen, awer och soss alles beschwätzen, wat villäicht e bëssen ze vill an den techneschen Detail geet fir den „normale“ Stamminee.

Wann Dir keng Diskussiounssujete verpasse wëllt, kënnt Dir dës Säit einfach op Är Iwwerwaachungslëscht setzen.

Kuckt och

Fir emol unzefänken: "Sproochen" a reduzéierter Form

[Quelltext änneren]

Moien, op verschiddene Wikien, wéi eiser, gi lénks all Sproochen ugewisen, an deenen et eppes zum selweschten Thema gëtt.

Bei der Haaptsäit ass dat e bësse problematesch, well dat einfach ze laang ass (300+) an d'Säit 3 Mol sou laang mécht wéi den Text deen do steet. Op der Däitschsproocheger schéngen s'en Trick fonnt ze hunn, dat op déi 'Gängegst' ze reduzéieren (déi x Gréisst an all déi europäesch Sproochen, wann ech dat richteg interpretéieren). Kinnt een dat hei och aféieren?


Zinneke (Diskussioun) 17:54, 29. Mäe. 2025 (UTC) äntweren

Wéi?
Et gëtt ee magic word {{noexternallanglinks}}, mat deem een dat automatescht Uweise vun den Interwiki-Linken, wéi se am ggf. verbonnene Wikidata-Element hannerluecht sinn, ënnerdrécke kann (cf. mw:Wikibase/Installation/Advanced configuration#noexternallanglinks). Wann een dat asetzt, kann ee wéi fréier mat manuellen Interwikilinken à la [[de:Wikipedia:Hautpseite]] all gewënschte Sproochlinken zefouss definéieren.
Op der däitschsproocheger Wikipedia hunn se op der Haaptsäit dofir d'Schabloun {{Wikipedia:Hauptseite/Interwikis}} gesat, an där all hir 51 Interwikilinke vun hirer Haaptsäit opgelëscht sinn, suivéiert vum genannte magic word.
Firwat (net)?
Am Prinzip kéinte mir dat ganz einfach och maachen, mee a mengen Ae wier dat eng onnéideg Aschränkung, well guer kee Problem besteet: Ugemellte Benotzer kënnen nämlech an hire Benotzerastellungen ënner „Ausgesinn“ am leschten Abschnitt „Sproochen“ d'Optioun „Benotzt eng kompakt Lëscht vu Sprooche mat deene Sproochen, déi fir Iech relevant sinn“ aktivéieren, fir datt net déi ganz Sproochelëscht ausgeklappt gëtt. A fir net ugemellte Benotzer – déi jo keng sou Astellunge maache kënnen – gëtt d'Standardbenotzeruewerfläch Vector (2022) benotzt, bei där d'Interwikilinken net ausgeklappt an der lénkser Säiteläischt, mee zesummegeklappt iwwert der Säit (resp. aus engem mir onbekannte Grond op Haaptsäiten drënner) stinn. D. h. fir ugemellte Benotzer ass de Problem mat engem Klick an de Benotzerastellunge liicht léisbar a fir net ugemellte Benotzer besteet de Problem guer net.
An déi Däitschsproocheg?
Op der däitschsproocheger Wikipedia ergëtt hir Léisung awer duerchaus Sënn, well bei hinnen d'Standardbenotzeruewerfläch net Vector (2022) ass, mee Vector alt (2010), an do ginn d'Interwikilinken ausgeklappt an der lénkser Säiteläischt ugewisen, deemno och fir net ugemellte Benotzer. A well net ugemellte Benotzer jo keng Benotzerastellunge maache kënnen an et och fir si „propper“ ausgesi soll, ware se gezwongen eng global Léisung ëmzesetze wéi uewe beschriwwen.
--Volvox (Diskussioun) 00:01, 30. Mäe. 2025 (UTC)äntweren
P.S.: Witzegerweis hunn ech mäi Kommentar iwwer déi däitschsproocheg Wikipedia dee leschten Dag gemaach, wou en iwwerhaapt nach gestëmmt huet. Den 31. Mäerz 2025 gouf nämlech och op der dewiki Vector (2022) och zum Standard 😉(cf. de:Hilfe:Skin/Vector 2022). --Volvox (Diskussioun) 17:57, 7. Abr. 2025 (UTC)äntweren


Infoboxe mat Wikidata lo och mat „mul“

[Quelltext änneren]

Ech wollt Bescheed soen, datt iwwer d'Schabloun {{wikidata}} duerch dës Ännerung lo net nëmme méi lëtzebuergesch Etiketten ofgegraff ginn – wann et därer keng gouf, da gouf virdrun einfach guer näischt ugewisen –, mee elo och „mul“-Etiketten (also de berüümten neie „Standard fir all Sproochen“). Doduerch ass et net méi néideg fir all méiglech Persounen hiren Numm op Lëtzebuergesch ze kopéieren, just fir datt se an Infoboxen optauchen.

Falls engem Problemer domat opfalen oder Argumenter afalen, firwat dat keng gutt war, gäre Bescheed soen.

(@GilPe, @Les Meloures pour info)

--Volvox (Diskussioun) 20:56, 26. Abr. 2025 (UTC)äntweren

Tipptopp, merci fir den Hiwäis. | GilPe (Diskussioun) 06:20, 27. Abr. 2025 (UTC)äntweren

Schabloun:Commonscat geännert

[Quelltext änneren]

Pour info: Ech hunn d'Schabloun:Commonscat grad geännert. Wann een einfach nëmmen {{Commonscat}} an een Artikel oder eng Kategorie schreift, da gëtt de Wäert vun der Eegenschaft Commons-Kategorie (P373) vu Wikidata als Commons-Kategorie geholl a {{PAGENAME}} als Linktitel ugewisen.

De Gedanken dohannert ass et, d'Derbäisetze vu Commons-Linken haaptsächlech an eise Kategorien däraarteg ze vereinfachen, datt kee sech méi ploe muss all Kéiers nom Verknäppe mat Wikidata op Wikimedia Commons nozekucken, wéi déi Kategorie dann do heescht, fir se dann zesumme mat engem {{PAGENAME}} an de Wikitext vun der Kategorie antippen ze goen. Lo geet et duer {{Commonscat}} an déi zweet Zeil ze setzen, an d'Bier ass geschielt (ech wäert dat deemnächst mam AutoWikiBrowser iwwerall do maachen, wou nach guer kee Commons-Link gesat ass, obwuel en existéiert). Bei Artikelen ass et net ëmmer esou banal, well mer do dacks d'Méizuel vum lëtzebuergesche Begrëff gesi wëllen; dat muss een dann nach ëmmer zefouss definéieren. A fir all anere Fall kann een nach ëmmer de Link an de Linktitel definéieren, wéi ee wëll. --Volvox (Diskussioun) 18:06, 10. Mee 2025 (UTC)äntweren

Neie Gadget: MiniEdit

[Quelltext änneren]

Ab elo hu mer nieft HotCat och een zweete Gadget op der lbwiki:

Wikipedia:MiniEdit

Dat wäert bestëmmt net dee leschte bleiwen, deen nei derbäi komm ass.

Wann iergendee Wënsch huet fir nei Gadgeten (déi een z. B. op aner Wikie gesinn huet), kann e mer dat gäre soen. Da kann ech kucke fir s'eventuell hei z'importéieren.

(@GilPe a @GilPeBot pour info)

--Volvox (Diskussioun) 20:58, 28. Jun. 2025 (UTC)äntweren

Eifeler op der Haaptsäit

[Quelltext änneren]

Moien, op der Haaptsäit liesen ech "[...] a 140 Mataarbechter." Am Quellentext schéngt es, wéi wann do e Code géif no der Eifeler Reegel kucken, ma bei "Honnert" schéngt dat offensichtlech net de Fall ze sinn. Wann eng Léisung ze komplizéiert wier, kann een och einfach "a(n)" dohischreiwen. Bescht Gréiss. -- Zinneke (Diskussioun) 07:46, 26. Sep. 2025 (UTC)äntweren

Salut, ass mat där heiter Ännerung um Modul: SimplifiedEifelRule behuewen.
Normalerweis gëtt an deem Modul gekuckt, woumat dat zweet Wuert ufänkt, fir ze wëssen, ob beim éischte Wuert den -n (oder -nn) ewechfale muss. Dat ass entweeder eng Zuelegrupp, déi da fir d'éischt a Buschtawen ëmgewandelt gëtt, oder einfach den éischte Buschtaf.
De Problem war hei, datt dat zweet Wuert net dat war, wat ugewise gouf – also 140 –, mee de Wikitext – also '''[[… a sou weider – an deemno gouf d'Zuel 140 guer net fonnt.
No der Ännerung gëtt dat zweet Wuert fir d'Iwwerpréiwung fir d'éischt vu Wikitext an den ugewisenen Text ëmgewandelt an elo klappt et. --Volvox (Diskussioun) 16:51, 26. Sep. 2025 (UTC)äntweren
Top! Merci! ---Zinneke (Diskussioun) 22:05, 26. Sep. 2025 (UTC)äntweren

Homonymie-Linken entdecken

[Quelltext änneren]

Den Tipp vum Dag: Wann ee wëll méi liicht Wikipedia:Homonymie-Linken an Artikelen entdecken, fir se eventuell duerch e Wikilink op déi richteg Säit z'ersetzen, kann ee se faarweg markéiere loossen, andeems ee ganz einfach op seng Benotzerënnersäit common.css dee follgende Code dropsetzen:

.mw-disambig {
  background-color: #ff9191;
}

(inspiréiert vum Gadget de:Wikipedia:Helferlein/Begriffsklärungs-Check). Amplaz #ff9191 kann een natierlech eng belibeg aner Faarf wielen. Dat gesäit dann z. B. esou aus:

Screenshot vu „Jeanne-Claude“ vum 26.04.2025 mat faarflecher Markéierung vun Homonymiesäiten.

A schonn huet een niewelaanscht een Homonymielink fonnt fir ze verbesseren. --Volvox (Diskussioun) 13:50, 26. Abr. 2025 (UTC)äntweren

Kann iwwregens gutt mat der Spezialsäit „Säiten, déi op Homonymiesäite verlinken“ kombinéiert ginn. --Volvox (Diskussioun) 13:57, 26. Abr. 2025 (UTC)äntweren
Klengen Update: Mëttlerweil gëtt et dat Ganzt als Gadget: Homonymiedetekter. --Volvox (Diskussioun) 23:24, 29. Dez. 2025 (UTC)äntweren
Eng fei Saach dat do! --Zinneke (Diskussioun) 00:05, 30. Dez. 2025 (UTC)äntweren

Faarwegen Text

[Quelltext änneren]

Fir dat neit Joer e bësse faarweg unzefänken…

An enger Diskussioun mam @Volvox (hei) ass et ëm Schabloune gaange fir Text faarweg oder mat engem faarwegen Hannergrond ze schreiwen. Do gëtt et nämlech d'Schablounen {{Faarf}} an {{Iwwerstrach}}. Da gouf och nach eng aner Schabloun {{Boxarrondi}} erëmfonnt mat där een en Text an eng Këscht pake kann an och déi jeeweileg Faarwen (Text, Hannergrond, Bord) steiere kann. De Bord ass zwar – anescht wéi den Numm vun der Schabloun et seet – net ofgerënnt, mä dat kann awer nach adaptéiert ginn.

D'Froen déi sech stellen:

  1. Sollen d'Schablounen {{Faarf}} an {{Iwwerstrach}} bestoe bleiwen (eventuell mat besseren Nimm {{Textfaarf}} an {{Hannergrondfaarf}}) an d'Schabloun {{Boxarrondi}} gefléckt ginn, datt se ronn Ecke kritt, oder
  2. soll d'Schabloun {{Boxarrondi}} als allround-Schabloun ëmgebaut gëtt, datt se alles matenee ka maachen an déi éischt genannt kënne geläscht ginn? (d'Schabloun kréich dann en neien Numm, z. B. {{Textlayout}}).

Sot eis Är Meenung (1 oder 2; bei 2 eventuell mat engem Numm fir déi nei Schabloun). E schéint neit, faarwegt Joer 2026! | GilPe (Diskussioun) 15:13, 3. Jan. 2026 (UTC)äntweren

Moien, a Merci gläichfalls, an och u jiddereen! Ech wosst bis ewell näischt vun deene Schablounen, a giff soen, et wier besser éng Schabloun, déi alles kann, mat engem einfachen a sech-selwer-eklärendem Numm ze hunn, wéi hirer méi. Allerdings ass den Numm "BoxArrondi" weeder nach,, dofir géif ech dat a Schabloun:Faarwegen Text ëmbenennen.
E Wuert awer nach zum Gebrauch: Ausser op Usersäiten oder Hëllefsäiten (bei Explikatiounen) gesinn ech net, wou een dat gebrauche kéinnt. --Zinneke (Diskussioun) 15:22, 3. Jan. 2026 (UTC)äntweren
Pro 2: allround-Schabloun; „FaarwegenText“ ass fir mech och an der Rei.
Nach eng Info zum Gebrauch: de faarwegen Text oder faarwegen Hannergrond ass effektiv op Hëllefssäiten nëtzlech; dat mat der Këscht ronderëm gëtt aktuell op de Gare-Säite gebraucht fir d'Zich unzeginn, déi do stallhalen, z. B. RE oder RB. | GilPe (Diskussioun) 17:31, 3. Jan. 2026 (UTC)äntweren

Neie Gadget Calculator

[Quelltext änneren]

Et gëtt (scho säit e puer Deeg méi laang) en neie Gadget Calculator mat dozougehéiereger Schabloun:Calculator! Domat kann ee lauter interaktiv Elementer op enger Wikipedia-Säit abannen, ouni selwer mussen JavaScript o. ä. programméieren ze kënnen, mee eleng mat Schablounen. Op der enwiki fënnt een nieft de méi einfache Beispiller op en:Template:Calculator nach richteg cool Beispiller op en:Template:Calculator/doc/examples, dorënner eng 360-Grad Foto, déi een an zwou Achsen dréine kann, oder eng historesch Landkaart, déi sech verännert, wann een e Slider beweegt. Wann ech dat richteg am Kapp hunn, gouf de Calculator ursprénglech op WikiProjectMed entwéckelt, fir e BMI-Rechner uweisen ze kënnen, an dann op mw:Template:Calculator iwwerdroen. Och op der enwiki ass de Calculator nach relativ nei, dohier gëtt et nach net esou vill Asazbeispiller. Hei just dat einfachst vum einfachen, fir de Prinzip z'illustréieren (an hoffentlech Appetit op eegen Experimenter ze maachen – et muss een de Gadget Calculator an de Benotzerastellungen aktivéiert hunn, fir datt d'Schablounen interaktiv sinn!):

2 × 2 = 4

An ee Schachbriet, wat sech endlech beweegt!

abcdefgh
8
wäissen Tuerm
wäisse Bauer
schwaarze Leefer
schwaarze Bauer
wäisse Bauer
schwaarze Bauer
schwaarzen Tuerm
wäiss Damm
schwaarze Bauer
wäisse Bauer
wäisse Leefer
wäisse Bauer
wäisse Leefer
schwaarze Leefer
wäisse Bauer
wäisse Bauer
wäisse Sprénger
schwaarze Sprénger
schwaarze Kinnek
wäissen Tuerm
schwaarze Bauer
wäisse Bauer
schwaarze Sprénger
wäisse Sprénger
wäisse Kinnek
schwaarze Bauer
schwaarze Bauer
schwaarze Bauer
schwaarz Damm
schwaarzen Tuerm
wäisse Bauer
schwaarze Bauer
8
77
66
55
44
33
22
11
abcdefgh

Op Wikipedia:Homonymiedetekter#Upassungen gesäit een, dat ee mat engem Calculator-Element esouguer op anere Plazen op der Säit een Effekt kann erzilen!

Natierlech gëllt och fir de Calculator, datt d'Wikipedia eng Enzyklopedie ass a kee faarweg blénkenden interaktive Multimedia-Zauber, mee ech sinn der Meenung, datt ee wueliwwerluechte Gebrauch vun Interaktivitéit, wéi se de Calculator och erméiglecht, och fir eng niichter Wëssensvermëttlung fërderlech ka sinn. --Volvox (Diskussioun) 12:43, 12. Jan. 2026 (UTC)äntweren

Ech weess net ob dat mam Gadget Calculator ze maachen ass, mä ech géif et flott fannen, wann an de Biographie Infoboxen de Calculator ausrechne kéint, wéi al eng bestëmmt Persoun ass oder war (also d'Differenz vun haut oder vum Doudesdatum zum Gebuertsdatum), sou wéi dat z. B. op der fr.wiki oder en.wiki de Fall ass. Kënne mer dat bei eis abauen? Merci | GilPe (Diskussioun) 15:06, 13. Abr. 2026 (UTC)äntweren
Salut, mir hunn hei déi relativ simpel Schabloun:Alter, där een zwee Datume gëtt an déi engem dann den Alter ausrechent. Fir de Gebrauch mat Infoboxe geet dat aleng awer net duer. Déi vu Wikidata agebonne Gebuerts- an Doudesdatumen an déi fir d'Schabloun néideg Form ze bréngen, ass dee mannste Problem, mee déi Schabloun gëtt net domat eens, wa just Joer a Mount oder just d'Joer bekannt ass. Entweeder mir kopéieren eppes wéi en:Template:Age eriwwer, oder mir bastelen hei eppes méi Einfaches zesummen (woubäi dann ëmmer de Risiko ass, datt een e Grenzfall vergiess huet). Ech si mer nach net sécher, wat de bessere Wee ass...
De Calculator-Gadget spillt hei net. Den Numm „Calculator“ fannen ech an där Hisiicht onglécklech, well ee menge kéint, et géif ëm calculation goen. Mee de Knackpunkt ass net, datt en eppes rechne kéint, mee datt e Knäppercher an Inputfelder huet, ob déi eppes interaktiv reagéiert (sief et andeems tatsächlech eppes berechent gëtt, oder datt einfach just eppes visuell dorop reagéiert wéi beim Schachbriet). Mee den Numm ass sou üblech op anere Wikien. --Volvox (Diskussioun) 09:32, 14. Abr. 2026 (UTC)äntweren

Geographesch Koordinaten

[Quelltext änneren]

Gudde Mëtteg,

Mir haten de Problem schonn iergendwou ugeschwat, ech fannen en awer net erëm. Et geet ëm d'Geographesch Koordinaten déi an den Infoboxe stinn a vun Wikidata importéiert ginn an och ëm déi, déi direkt op Wikidata stinn: klickt een drop, kritt e just eng Feelermeldung, wéi z. B.:

GeoHack (49.572433; 5.995241) Dës Säit huet aktuell keen Text. Dir kënnt op anere Säiten no dësem Säitentitel sichen, an den entspriechende Logbicher nokucken oder dës Säit uleeën.

Éischtens ass dee Feelertext e bësse bosseg, mä méi wichteg ass, datt de Link net méi funktionéiert… (Wéi) kréie mer dat geléist? | GilPe (Diskussioun) 15:00, 13. Abr. 2026 (UTC)äntweren

Salut, dat war hei: Wikipedia:De Stamminee#Koordinaten. De Fazit war (zumindest fir mech):
  1. Mir kënnen an der Schabloun {{wikidata}} op déi däitsch (oder englesch) Versioun vu GeoHack ëmleeden. Dat léist de Problem awer net fir wann een op Wikidata selwer op en entspriechende Link klickt.
  2. Mir kënnen eng Schabloun {{GeoTemplate}} uleeën, wéi déi aner Sproochversiounen och. Dat ass eemoleg e groussen Opwand, mee da fonktionéiert et vun iwwerall aus (an et ass op Lëtzebuergesch, fir déi, déi dat léiwer hunn).
  3. Mir wullen a wulle fir erauszefannen, ob et iergendwou eng Konfiguratioun gëtt, fir déi een eng däraarteg Ännerung ufroe kéint, datt ee vun all Wikimedia-Projete mam Interface op Lëtzebuergesch op GeoHack op Däitsch (oder Englesch) geschéckt gëtt. Dat schéngt mer awer héchst spekulativ.
A mengen Aen ass 2. déi bescht Léisung, mee leider ustrengend... --Volvox (Diskussioun) 09:42, 14. Abr. 2026 (UTC)äntweren
GeoHack gouf vum Magnus Manske virun engem hallwe Joer a Rust nei geschriwwen (déi al Versioun war a PHP geschriwwen), villäicht ass dobäi eppes mam Fallbacksproochemechanismus schif gaangen. Ech hu mol een Ticket op GitHub opgemaach, à voir... --Volvox (Diskussioun) 18:33, 14. Abr. 2026 (UTC)äntweren
Et gëtt Neiegkeeten: De Magnus Manske huet de Problem geléist, ass hei ze liesen https://github.com/magnusmanske/geohack/issues/4. Allerdéngs huet de @Les Meloures an Tëschenzäit souwisou d'Schabloun:GeoTemplate inklusiv Schabloun:GeoTemplate/styles.css ugeluecht, déi allerdéngs op Englesch ass. Wa keen eppes dogéint huet, géif ech déi Schabloun rëm läschen. --Volvox (Diskussioun) 09:39, 28. Jul. 2026 (UTC)äntweren
Super Saach!
Wann d'Schablounen net gebraucht ginn, da kënne se jo fort. | Mobby 12 (Diskussioun) 13:44, 28. Jul. 2026 (UTC)äntweren
Fir propper ze sinn, hunn ech mol eng Läschpropos gemaach. --Volvox (Diskussioun) 17:27, 28. Jul. 2026 (UTC)äntweren

Survey (proposed direction for Wishlist)

[Quelltext änneren]

Apologies if this has not yet been translated into your wiki's language. Hëlleft wgl. fir op Är Sprooch z'iwwersetzen.

You are invited to voice your opinion on a new community-proposed direction for the Community Wishlist. Merci! MediaWiki message delivery (Diskussioun) 03:07, 29. Mee 2026 (UTC)äntweren

Nei Schabloun {{Awunnerdiagramm}}

[Quelltext änneren]

Moien,

Et gëtt elo eng nei Schabloun {{Awunnerdiagramm}}, déi d'Awunnerentwécklung direkt aus Wikidata als interaktiv Grafik weist. Se baséiert um neie Modul:WikidataChart an ass geduecht fir déi vereelzt <timeline>-Grafiken z'ersetzen.

Virdeeler:

  • keen ëmständlecht Antippe vun den Daten an der <timeline>-Funktioun;
  • automatesch Donnéeën aus Wikidata (P1082 Awunnerzuel + P585 Zäitpunkt);
  • keng manuell Aktualiséierung vun de Grafiken;
  • eenheetlecht Ausgesinn iwwer eng gemeinsam Commons-Chart;
  • Ënnerstëtzung vu Q=, vun=, bis=, ageklappt=, iwwerschrëft= an anere Parameteren.

Déi nei Schabloun ass elo als Test am Artikel Lëtzebuerg (Stad) agesat ginn. An den éischten Deeg fänken ech un, déi al <timeline>-Grafiken z'ersetzen.

Feedback a Verbesserungsvirschléi si wëllkomm.

(Eng Weiderentwécklung vum Modul WikidataChart fir z. B. {{Waldiagramm}}, {{Klimadiagramm} o. ä. ass méiglech)

GilPe (Diskussioun) 09:42, 14. Jul. 2026 (UTC)äntweren

(Déi al Grafike si mëttlerweil all ersat | GilPe (Diskussioun) 09:28, 31. Jul. 2026 (UTC))äntweren

Et ass eng gutt Saach! Gesäit och gutt aus. | Mobby 12 (Diskussioun) 20:22, 14. Jul. 2026 (UTC)äntweren
Tipptopp! --Zinneke (Diskussioun) 08:47, 31. Jul. 2026 (UTC)äntweren

Schabloun:Databox

[Quelltext änneren]

Salut, ech hunn d'Schabloun {{Databox}} op d'lbwiki iwwerdroen. Dat ass eng Schabloun, mat där ee geneeresch Infoboxen asetze kann. Se hëlt d'Etikette vun enger Rei Eegenschaften zesumme mat hirem Wäert op Wikidata. Et kann een Eegenschaften, déi een net wëll hunn, ze Fouss ausschléissen, d'Bild, dat ugewise soll ginn eraussichen (et muss awer als P18 op Wikidata stoen – de Choix ass also minimal), an et kann een (wat éischter fir Beispiller wéi hei relevant ass), d'QID vun engem anere Wikidata-Element explizitt uginn.

E Beispill ass

Wikipedia op Lëtzebuergesch
Wikipedia-Sproochversioun
Grënnungsdatum / Baudatum21. Juli 2004 Änneren
Offiziellen NummWikipedia op Lëtzebuergesch, Lëtzebuergesch Wikipedia Änneren
BesëtzerWikimedia Änneren
Sprooch vum Wierk oder NummLëtzebuergesch Änneren
Schrëftsystemlaténgesche Schrëftsystem Änneren
BedreiwerWikimedia Änneren
ProduitInternet-Enzyklopedie Änneren
Websäithttps://lb.wikipedia.org/ Änneren
LizenzCreative Commons Namensnennung – Weitergabe unter gleichen Bedingungen 3.0 Generisch, GNU Free Documentation License Änneren
Urheberrechtsstatusurheberrechtlich geschützt Änneren
API-Endpunkthttps://lb.wikipedia.org/w/api.php Änneren
URL für eine zufällige Seitehttps://lb.wikipedia.org/wiki/Spezial:Zouf%C3%A4lleg_S%C3%A4it Änneren
Wikimedia-Sproochecodelb Änneren

D'Wäerter kann een änneren, wann een op de Bläistëft klickt, a wann eng Eegenschaft oder e Wäert keng Etikett op Lëtzebuergesch huet, gëtt déi däitsch respektiv déi englesch geholl (am Géigesaz zu eisen Infoboxen, déi an deem Fall kee Wäert uweisen).

Déi Schabloun gehéiert ass op ville Wikipedia-Versioune verbreet, virun allem op klengen, déi keng Ressourcen hu fir eegen Infoboxen opzezéien. Mir hunn hei schonn eng ganz Rei sophistiquéiert Infoboxen, mee jeeweils just fir bestëmmten Zorten Artikelen. Dohier duecht ech, datt et villäicht nëtzlech kéint sinn, mat der Databox eng Infobox ze hunn, déi ee wierklech iwwerall benotze kann, och do, wou mer keng speziell Infobox hunn. Se léisst sech och bestëmmt nach ausbauen; well se sou verbreet ass, fënnt sech bestëmmt eng Wikipedia, bei där ee sech ofkucke kann, wat een nach alles domat triwwele kann. --Volvox (Diskussioun) 20:44, 31. Jul. 2026 (UTC)äntweren